Rescue Timelapse
Du wëlls e flotte Weekend verbréngen? An waars schonn ëmmer un de Rettungsdéngschter interesséiert?
Dann hu mir bei eis zu Hesper genee dat Richtegt fir dech. Hei ass nämlech de 5. & 6. Juli eis Rescue Timelapse, den „place to be“!
Iwwert de ganze Weekend gëtt mat diversen Oldtimer a Rettungsmaterialien d‘ Pompjeesgeschicht erëm zum Liewen erwächt.
Ganz am Kader vun eiser 100 Joer Feier bidde mir dee Weekend vu 9h00 bis 18h00 Animatioune fir grouss a kléng mat diverse Virféierungen
ewéi TRT-, GATO- oder och Jugendübungen. Fir de musikaleschen Encadrement ass natierlech och gesuergt, wou d’Dëppegéisser ënner anerem opleeë wäerten.
A wat d’Iessen a Gedrénks ugeet, sou ass bei den Hesper Pompjeeën och nach ni een hongreg oder duuschtreg heem gaang.
Freet iech op een erliefnisräiche Weekend! Mir si scho Feier a Flam an hoffe vill vun iech kënnen ze begréisse!
