D’Jugendpompjeeë sinn e wichtege Pilier fir all Pompjeeszenter, well och am Rettungsdéngscht läit d’Zukunft vun den Asazzenteren an der Hand vun der Jugend. Zil vun de Jugendpompjeeën ass et dobäi, dass d‘Kanner an déi Jugendlech esou forméiert ginn, dass se spéider ab dem Alter vu 16 Joer bei déi grouss Pompjeeë wiesselen an dann och um aktiven Déngscht vum CIS Hesper deelhuele kënnen.

Heifir léieren eis Jugendpompjeeën d’Grondkenntnisser fir Bränn ze läschen an déi aus der Éischter Hëllef, d’Ofleef bei techneschen Hëllefsleeschtungen, den Opbau vun eisen Déngschtween, esou wéi insgesamt den Ëmgang mat eiser Ausrüstung. Fir eis Kanner a Jugendlecher dofir ze begeeschtere, gëtt en ofwiesslungsräiche Programm gebuede, woubäi mir niewt dem pompjeestechneschen och vill Wäert op d’Komerodschaft an eng spilleresch Atmosphär leeën.

Ënnerstëtzt gëtt eis Jugend wärend de reegelméissegen Übunge vun eise Jugendleader, déi selwer bei den erwuessene Pompjeeë sinn an och schonn Erfarung um Terrain hunn. Dës Übunge fannen an der Reegel all zweete Samschdeg um 15 Auer bei eis am Pompjeesbau statt. Wéini d’Übunge genee stattfanne, steet ënnen am Kalenner an d‘Adress fannt Dir hei.

Am Wanter fannen d’Übunge generell op Grond vun de Wiederëmstänn éischter dobanne statt a befaasse sech méi mat der Theorie. Wann am Summer d’Wieder et zouléisst, ginn d‘Übungen éischter no baussen verluecht, soudass dann och praktesch geübt ka ginn.

Eis Jugendpompjeeë kënnen awer och fir hiere Fläiss belount ginn. All Joer hunn eis jonk Pompjeeën d‘Geleeënheet u sougenannte „Wëssenstester“ deelzehuele, wou hiert Wëssen a Kënne gepréift gëtt. Bei erfollegräichem Bestoe kritt een dann en neie Grad (Bronze, Sëlwer oder Gold), dee se un hierer Uniform befestege kënnen.

Fir dass et awer mat deem ganze Programm net ze langweileg gëtt, gi reegelméisseg Ausflich ënnerholl wéi zum Beispill e Weekend an den Europapark, e Solarbootausfluch iwwert de Stauséi oder eng Besichtegung bei de Flughafepompjeeën. Et gëtt awer och u bal allen Aktivitéite vun de grousse Pompjeeën deelgeholl wourënner och eis järlech Generalversammlung, eis 1. Mee Feier oder eist Buergbrenne fällt. Zousätzlech partizipéieren eis Jugendlecher dann nach u regionalen an nationalen Aktivitéite, wou se dann och Jugendpompjeeën aus aneren Zentere kenne léieren. Heizou ziele Vëlkerballtournoien, Camps oder och Jugendrallyen.

Interesséiert fir an eis Jugendpompjeeën ze kommen?

Wanns Du am Alter tëscht 8 a 16 Joer bass, Teamgeescht, Spaass, Humor an Ausdauer mattbréngs an elo interesséiert bass, da mell dech bei eisem Haaptjugendleader per Mail (Jeunesse@cihesper.lu) oder komm eng Kéier samschdes op eng vun eisen Übunge laanscht. Mir freeën eis ëmmer nei Gesiichter kennen ze léieren.

Weider Informatiounen iwwert d’Jugendpompjeeë fënns Du op der nationaler Internetsäit vun de Jugendpompjeeën.

April 2024
M D M D F S S
1234567
891011121314
15161718192021
22232425262728
2930