De CIS Hesper, hat de Freiden, den 3. Dezember 2021 seng traditionell Bärbelsfeier. Dëst Evenement gouf, wéi och all déi aner Evenementer aus de Pompjeeën hirem Fräizäitberäich, vun der Asbl vun den Hesper Pompjeeën organiséiert. Bei dëser Geleeënheet ass och direkt profitéiert ginn, fir den neie Logo vun der Asbl virzestellen. No ongeféier 6 Méint Entwécklung ware mir houfreg, fir d’Resultat vun der Aarbecht endlech virstellen ze dierfen.

Zu den Detailer vum neie Logo: Eist neit Logo gëtt duerch déi dräieckeg Form gekennzeechent. Des Form symboliséiert dobäi eis Wuerzelen, well de CIS Hesper am Laf vun der Zäit duerch zwou Fusiounen vun ursprénglech 3 Corpsen, Fenteng, Hesper an Izeg, entstan ass. Am Logo sinn och drei Faarwen ze erkennen, rout, wäiss a blo, déi fir d´lëtzebuerger Nationalfaarwen stinn. Nieft der dräieckeger Form vum Logo sinn awer och nach eng Flam an eng Sinus-Well vum Elektrokardiogramm ze erkennen, déi jeeweils fir eise Service d´Incendie an de Secours à Personne stinn. Ausserdeem sinn an der Sinus-Well och nach fënnef Pilieren ze erkennen, déi zum engen d´Seeler vun der Hesper Bréck duerstelle sollen an zum aneren och fir déi 5 Uertschaften vun der Gemeng Hesper stinn, also Alzeng, Fenteng, Hesper, Houwald an Izeg. Wei ee gesäit, hunn mer eis schonn eppes bei der Erstellung vum Logo bei geduecht an hale weiderhin un Traditiounen, souwéi un eiser Loyalitéit zur Gemeng fest.