Och dëst Joer huet d’Amicale vun den Hesper Pompjeeën zesummen mat hire Memberen um éischten Mee den Daach vun der Aarbecht geféiert. Heifir hunn mir eis um 8 Auer moies am Pompjeesbau getraff fir nach gemittlech Café ze drénken an Mëtschen ze iessen, ear mer eis duerno um 9 Auer op de Wee fir an de Bësch gemaach hunn. Am Bësch hunn mer dunn déi traditionell Meekränz gebaut, wouvun mer een um Schlauchtuerm vun eisem CIS opgehaangen hunn an zwee anerer bei eisen Center Chef heem an bei eist Stammlokal, dem Trapeneck, bruet hunn. Duerno hunn mer dann zesummen bei eis am Bau gegrillt an eis en flotten Mëtteg gemaach.

Dieses Bild hat ein leeres Alt-Attribut. Der Dateiname ist image.png