Mir sinn houfreg, fir Cool Feet am Kader vun hirer “30 Joer Bistro Tour 2022” bei eis zu Hesper am Park open air begréissen ze kënnen. Sidd och dir mat derbäi! De Concert ass samschdes, den 23. Juli 2022 an geet um 20h00 lass. D’Dieren sinn awer schon um 18h30 fir iech op. Fir Iessen an Gedrénks ass natierlech och gesuergt, soudass engem feierlechen Owend näicht méi am Wee steet.

D’Entrée fir de Concert ass elo gratis!. Am Fall wou Dir schon Ticket’e fir de Concert kaaft hud, gin déi selbstverständlech rembourséiert. Heifir wärt LuxTicket Iech kontaktéiren.

Mir freeën eis, fir déi legendär Grupp zesumme mat iech erliewen ze kënnen! ?