Et ginn 2 Méiglechkeeten, wéis du eis ënnerstëtzen kanns:

  1. Als aktiven Pompjee

Als aktiven Pompjee hëls du un eisen Übungen, Asätz an aneren Aktivitéiten deel. Dobäi kanns du dech entscheeden, ob‘s du léiwer am INCSA Beräich als klassechen Pompjeeën, am SAP Beräich als sougenannten First Responder oder souguer an béiden Beräicher aktiv wëlls sinn. Wann’s du denks, dass dëst Hobby dech interesséiert, du genuch Zäit mat bréngs fir dech ze engagéieren an dech ze forméieren an och den heifir néidegen Teamgeescht besëtz, dann mell dech bei eis per Mail (info@cishesper.lu) an komm eng Kéier op eng vun eisen Übungen laanscht kucken. D’Übungen sinn all Méindes owes bei eis am Bau, mat Ausnam vun de Vakanzen an Feierdeeg.  

  1. Als Member an der Asbl.

Eng wieder Méiglechkeet fir eis ze ënnerstëtzen, ass Member bei eis an der Asbl. ze ginn. Fir Member ze ginn, musst du just eng Memberskaart bei eis bestellen. Heifir mell dech einfach bei engem vun eisen Memberen aus dem Comité oder schreif eis un d’Mailadresse vun eiser Asbl. (secretariat-asbl@cishesper.lu). Dëst kascht dech 15 Euro d’Joer mat deenen’s de net nëmmen eis Asbl. ënnerstëtz mee och eis Pompjeeën aus dem CIS Hesper. Zousätzlech kriss de all Joer en klengen Kalenner vun eis per Post geschéckt an kriss och nach eng Stieweskees vun eis.