100 Joer Pompjeeën Gemeng Hesper
D’Pompjeeë Gemeng Hesper feieren 2025 hiert 100 Järegt bestoen.
Sämtlech Aktivitéite stinn ënnert dem Moto „100 Joer Pompjeeën Hesper“.
An dem Kader probéiere mir och all eis Aktivitéite mat engem klengen Highlight ze beräicheren.
Déi genau Detailer komme fir sämtlech Aktivitéiten nach no, also schreift iech schonn Datumer an, a verpasst dat speziellt Joer wou mir eise Centenaire feieren net!

